top of page
Search

Ech hunn versot

  • ronderemdenprenzeb
  • Jan 15, 2023
  • 1 min read

Oder?

Ech hat mer fest vir geholl am Joer 2022 den Minett Trail ganz ze goen. Den Trail huet virdrun schonn

änlech ënnert engem aneren Numm existéiert ass awer fir de Ulooss vum Kulturjoer am Kader vun Esch2022 u gepasst an och promouvéiert ginn.

Wéi der gemierkt hutt, ass et mer net gelongen den Trail 2022 ganz ze goen. Ganzer 6 Etappen hunn ech hi krut. 5 sinn der verëffentlecht, déi 6. ass drop an drun, an dat obwuel ech déi Etappen am Juni, respektiv am August gaangen sinn.

ree

Als Erwuessenen an verantwortungsvollen Mënsch muss en Prioritéierten setzen an och u passen wann et néideg ass. An et huet sech séier eraus gestallt, dat meng Prioritéit net kéint den Trail sinn.

Esou ass et dann wuel éischter en perséinlechen Echec, an awer schlussendlech net weider schlëmm. Den Trail leeft net fort an 2023 wëll ech mam Trail u schléissen wou ech 2022 op gehale hunn.

An dem Sënn hoffen ech dat der all gutt an dat neit Joer gestart sidd. Vläicht gesäit en sech jo um Trail, oder um Prënzebierg.

Bis geschwënn.

 
 
 

Comentários


  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • YouTube

© 2021 Ronderëm den Prënzebierg. 

bottom of page