Minett Trail: Tëschebilanz
- ronderemdenprenzeb
- Jun 8, 2022
- 1 min read
4 Deeler vum Minett Trail sinn ech bis elo gaange. Et ass zu Kënzeg u gaange, iwwer Péiteng, Déifferdeng, Bieles an elo Esch.
Ech muss éierlech soen, dat den Projet Minett Trail méi Zäit an Usproch hëlt wéi ech dat ursprénglech geduecht hat: esou wuel wat den Trail goen, filmen an fotograféieren betrëfft wéi och wat d’Post Production betrëfft. Mat ënner Ëmstänn maachen ech mer d’Liewen dann och nach selwer méi schwéier: den Film vum 4. Deel vum Trail hunn ech selwer entwéckelt, gescannt an convertéiert / verschafft. Déi Zäit déi ech mam Trail beschäftegt sinn, hunn ech natierlech manner fir den Kär vun dëser Säit: den Prënzebierg. Et sinn nach eng etlech Deeler um Trail ze goen an ech sinn zouversiichtlech dat ech en bis Enn des Jores of geschloss hunn.
Ech wäert awer trotzdeem probéieren déi eng oder aner Kéier op den Prënzebierg ze goen, notamment elo wou d’Orchideeën nees an der Bléi sinn an och déi eng oder aner wëll Blummewiss wuel deemnächst wäert bléien.
Ech hoffen du begleets mech weiderhin, sief et duerch den Minett oder um Prënzebierg a senger Noperschaft.
Comments