Minett Trail
- ronderemdenprenzeb
- Mar 3, 2022
- 1 min read
Wéi den een oder aneren vläicht un Hand vun mengen Stories an den sozialen Medien gesinn huet, hunn ech ugefaange den Minett Trail ze trëppelen. Dat bedeit natierlech och, dat ech mech méi wäit wéi gewinnt vum Prënzebierg an eben och senger direkter Ëmgéigend ewech beweegen.

Dat heescht net, dat ech dem Prënzebierg iwwerdrësseg sinn oder schonn alles gesinn hätt. Nee, ganz am Contraire!
Mee et ginn awer fir mech eng Partie Argumenter déi dofir schwätzen den Horizont z’erweideren, och wann dat heescht sech am Kader vun „Ronderëm den Prënzebierg“ méi wäit ewech ze beweegen.
Den Minett ass vill méi wéi just den Prënzebierg. An obwuel dat den Kär vum Projet ass, ass et mer wichteg och aner Plazen am Minett wéinstens mol un ze schneiden. Och wann dat kéint ausserhalb dem Projet „Prënzebierg“ statt fannen, fannen ech et wichteg et mat an ze bauen.
D’Kulturjoer 2022, am Kader vun Esch 2022, ass e speziellt Joer, an den Kontext beweegt mech dann och zou dem Schratt.
Och wann den Prënzebierg an seng direkt Noperschaft nach ëmmer Villes, an och vill Neies bitt, sou ass et wichteg sech mol en frëschen Bléck ze huelen. Dat bedeit a senger Konsequenz dat ech den Perimeter erweideren, fir uschléissend nees méi an den Detail um Prënzebierg kënnen ze goen.
Ech hoffen, datt s de mech weider begleets a menger erweiderter Rees am Minett.
تعليقات