top of page
Search

Hustle culture oder eng lues Kadenz?

  • ronderemdenprenzeb
  • Feb 2, 2022
  • 2 min read

Nee, et ass net méi roueg ginn. Weder em mech, nach ëm den Prënzebierg. Wat awer bëssen geännert huet, ass meng perséinlech Kadenz am Fotoen maachen. Och wann ech am Blogpost virdrun gesot hunn dat d’Medium eigentlech egal ass, sou maachen ech aktuell den Gros vu mengen Biller awer tatsächlech nees op Film. Sinn ech domat hip? Ech weess et net. Ech hunn als Knirps vu mengem Papp op Film geléiert, an och an der Donkelkummer selwer z’entwéckelen (wat ech haut wuel net méi hin kréich).


ree

An eiser schneller Welt, virun allem an den Medien an hei am besonneschen och vun den sozialen Medien, soll en permanent liwweren. Zu all Dageszäit, Joreszäit, ob Summer oder Wanter. „Hustle culture“ gëtt dat dann genannt. Nonstop aktiv sinn fir en maximum produktiv ze sinn. Op munch Leit trefft dat dann och vläicht zou, an si sinn domat erfollegräich. Ech fir mäin Deel, sinn haaptberufflech staark engagéiert, an hunn nierft enger Famill och Frënn déi ech mol gär gesinn. Erfollegräich muss ech am Kader vun dësem Projet net sinn, et geet mer drëms fir eis Géigend am Detail kennen ze léieren an dech op déi eng oder aner Wanderung mat ze huelen. Ech hunn mech bewosst entscheet fir zumindest meng Fotographie méi lues un ze goen. Film verlaangt mer vill Iwwerleeung iert ech d’Foto huelen, ass an der Emsetzung méi opwändeg an wann d’Foto bis entwéckelt ass, ass se wéi se ass. Ech genéissen dobäi den Prozess, jo och dat ech bewosst an méi lues muss schaffen. Domat ass d’Digitalfotografie sécherlech net ad acta geluecht, an ech hunn och dorun nach ëmmer vill Spaass. Mee déi „Entschleunegung“ bei der Filmfotografie bedeit mer am Moment vill. Dat bréngt an mengem Fall mat sech, dat ech fir den Ronderëm den Prënzebierg Projet net méi déi selwecht Quantitéit u Fotoen am dem selwechten Zäitraum ka maachen. Dorëms geet et mer och net, mee fir där, dem Lieser, eis schéi Géigend ze weisen.

 
 
 

Comments


  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • YouTube

© 2021 Ronderëm den Prënzebierg. 

bottom of page