top of page
Search

Endlech Schnéi

  • ronderemdenprenzeb
  • Jan 19, 2021
  • 2 min read

Den 16 an 17. Januar 2021 hunn ech endlech vum Schnéi konnten profitéieren den déi Deeg virdrun gefall ass an deels och nach ëmmer weider gefall ass. Den 17. Januar 2021 war ech moies schonn géint 07.00 Auer ënnerwee well ech eng bestëmmten Foto am Kapp hat. Ech wollt eng Panorama Foto vun engem groussen Deel vum Kordall maachen: vun Rodange / Rolleng a Richtung Péiteng, an dat vun engem relativ beléiften Aussiichtspunkt um Gielebotter.

Ech war recht fréi op der Plaz, gutt eng Stonn virun Sonnenopgank, wuel wëssend dat den Himmel net géing opgoen, ech dofir awer eng richteg wanterlech kal Stëmmung kéint afänken. Ech hat dunn och gutt Zäit fir e puer Test Fotoen ze maachen. Wou d’Luucht dunn endlech esou wäit war wéi ech mer et vir gestall hat, huet et ugefang immens ze blosen an och nach ze schneien: an dat riicht an meng Richtung, esou dat ech ëmmer domat amgang wuar d’Objektiv nees ze botzen. D’Fangeren sinn mer bal ofgefruer. No enger gewëssen Zäit war ech der Meenung, dat ech dat op der Späicherkaart hätt wat ech bréicht. Zil war den uewen genannten Panorama, dat awer am Iphone Stil, just eben mat engem DSLR Fotoapparat fir en maximum u Pixel eraus ze zéien. Ech hunn dohier decidéiert, den Pano am Landschaftsformat ze maachen.

D’Resultat ass besser wéi ech mer et erwaart hat, an awer sinn ech am Nachhinein der Meenung dat ech den Pano klassesch héichkanteg hätt sollten mat probéieren. Och wann d’Resultat wéi erwaart ass, ass den Bildausschnett a puncto Héicht dach staark reduzéiert. Dat deet dem flotten Moien awer keen Ofbroch.

D’Fotografie war just eng Ausried fir moies fréi aus dem Bett eraus an d’Keelt.


 
 
 

Comments


  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • YouTube

© 2021 Ronderëm den Prënzebierg. 

bottom of page