Firwat Ronderëm den Prënzebierg?
- ronderemdenprenzeb
- Aug 22, 2021
- 1 min read
22. August 2021
Ech reesen immens gär, an wann et méiglech ass, och vill.
Oft ginn ech gefrot: firwat „just“ den Prënzebierg? Du méchs jo och soss Landschafts Fotografie (an nach eng Hellewull aner Fotoen)?
Jo, dat ass richteg. Et ginn awer duerchaus e puer gutt Grënn firwat „just“ den Prënzebierg.
Ech sinn e Minetter Jong. Zu Esch gebuer, vun 1979 – 2003 zu Déifferdéng gewunnt, vun 2003 – 2005 zu Rëmeleng, uschléissend Bieles, a vun 2010 aus un zu Péiteng. Natierlech ass mäin Interessi un eisem Eck dann och grouss. Eis Industrie Kultur ass fir eis d’Land zimlech eenzegaarteg an ëmmer erëm faszinéierend. Mäin Papp a meng 2 Bopen waren all Schmelzaarbechter.
Et kennt awer sécherlech och dobäi, dat et opportun ass: ech wunnen tatsächlech um Fouss vum Prënzebierg. Ech hunn eng Famill, en Job den vill Zäit an Usproch hellt. Et ass méiglech kuerzfristeg erop ze goen; gär och mat menger 6 Joer aler Duechter. Am Géigensatz dozou, den Rescht vun eisem schéinen Ländchen, wat eng gewëssen Planung mat sech bréngt an domat och net zu all Moment accessibel ass.
Ech verstinn meng Fotoen hei virun allem och als Zäit Zeien déi mat e bësse Chance och vun Generatiounen no eiser gesinn ginn. Esou gesinn si, wéi et elo aus gesäit. Et muss en wëssen, dat grad den Gielebotter am stännegen Wandel ass, an ech probéieren déi Géigenwaart a Form vu Fotoen fest ze halen.

Et get nach souvill z‘entdecken



Comments