top of page
Search

Foto- an Videoopnam mat uerdentlech Reen

  • ronderemdenprenzeb
  • May 25, 2020
  • 2 min read

Samschden, den 23. Mäi 2020.


Ech hunn mech entscheet, den Sentier découverte Gielebotter am Video fest ze halen. E bëssi am Vlog Stil. 

D'Wieder ass haut wiesselhaft gemellt. An obwuel an Zäiten vun Corona sech ongewinnt méi Leit um Bierg fannen, versprécht eben grad dat wiesselhaft Wieder fir e bëssen méi roueg ze sinn. Och op engem Samschden Mëtten. Fir den Zäitraum tëscht 16 an 17 Auer hunn se eng eventuell ganz liicht Reefront gemellt. Ech hunn wëlles um 14 Auer ze starten. Ech kennen d'Streck. Dat sollt duer goen. A wann schonn? Vun e bëssen Reen ass nach kee geschmolt. 

Et ass tatsächlech um 14 Auer lass gaange, an mam Momenter huet d'Sonn esou richteg schéin gedréckt, dat et schonn bal ze vill des Gudden war. 

Ech wollt awer villes am Detail maachen, wäitaus méi wéi ech geplangt hat. An esou ass d'Zäit mer zeronn, wéi den Sand an der Sandauer. 


Wou ech bis um "Bruchkantenweg" ënnerwee war, hunn ech et vu wäitem um Horizont an der Belsch schonns mat bloussem A erkannt: Reen! D'Loft huet och zougeluecht, an d'Erfarung sot mer dat ech nawell mat méi zolittem Reen kéint rechnen. 

Tëscht deenen eenzelen Opnamen hunn ech en Zant zougeluecht. D'Foto- an Videoausrüstung hunn dozou bäi gedroen, dat ech schéin geschweesst hunn.

Kuerz nodeem et nom "Backenbrecher" an der Orchideewiss nees riichtaus gaangen ass, ass et fatzeg gro ginn. Grad wou ech op den leschten Passage vum Sentier découverte agebéit sinn, wou et nees Richtung "Bunn" geet, ass et lass gaangen. Dat net ze knapps! Den Poncho séier iwwergestrëppt, den Raincover op den Rucksak. Et huet geschott wéi aus Eemeren an ech krut d'Panz gutt gewäsch.


Grad awer den leschten Deel huet et fatzeg an sech


Den Wee ass just breet genuch fir eng Persoun, et hänken vill Äscht an Aenhéicht, et geet e puer mol fatzeg Bierg of. Den Reen huet den Buedem iwwerdeems schmiereg gemaach. Ech war frou, dat ech bei der "Bunn" ukomm sinn, ouni dat ech virdrun op d'Suckel gang sinn. Um Ofschloss huet den Reen dunn liicht nogelooss.

Fazit: eng passabel Foto, eng ganz Partie Videoopnamen, vill Spaass awer och d'Erkenntnis dat ech esou wuel den Opwand wéi och d'Wieder ënnerschat hat. 

 
 
 

Comments


  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • YouTube

© 2021 Ronderëm den Prënzebierg. 

bottom of page