Zowaasch - sentier de la Crosnière
- ronderemdenprenzeb
- Mar 22, 2021
- 1 min read
Samschden, den 6. März 2021
Dës Kéier huet et mech op Zowaasch (Lasauvage), op den Sentier de la Crosnière (op franséischer Säit "Ru de la Côte rouge",. letz. Réierbaach) an den Dall verschloen.
Fir déi wou Zowaasch net kennen: et handelt sech em en klengt beschaulecht Dierfchen am Dall, ëmginn vun Bësch. Et läit direkt un der Grenz zu Frankräich. Den Kierfecht vun Zowaasch läit esou guer op der franséischer Säit an d’Crosnière zitt op villen Plazen d’Grenz tëscht deenen 2 Länner.
Den Accès carrossable ass och (offiziell a legal) nëmmen iwwert déi lëtzebuerger Säit méiglech.
Zowaasch ass en alt Duerf vun der Minière wou iwwert Joren, bis zu bal 400 Joer zeréck, Mine exploitéiert ginn ass. Sou erënneren haut nach d’Galerien, d’Minièresbunn an den Futtball Veräin FC Minière Lasauvage un déi laang industriell Geschicht.
Am Duerf befënnt sech och eng Naturschoul déi sech bei den Schoulklassen vun aneren Etablissementer grousser Beléiftheet erfreet.

Plazeweis hunn ech den Sentier de la Crosnière och verlooss, en déngt awer als groben Unhaltspunkt. D’Crosnière ass deels vun Mënschen Hand agebett an fléisst dann och duerch verschidden Staustufen. Eng dovun ass ënnert der Bréck vun der rue de la Crosnière a Richtung Kierfecht vun der Zowaasch.
Op den Fotoen an dem „in the field“ Video, kann et dat deementspriechend gutt erkennen.
Комментарии