Nees do
- ronderemdenprenzeb
- Oct 17, 2020
- 1 min read
Donneschden, den 25. Oktober 2020
Et ass e bëssi roueg ginn hei op der Säit. Dat huet virun allem domat ze dinn, dat et am Summer relativ waarm war, an et dann nëmmen an deenen vum Bësch geschützten Deeler méi angeneem ass. Och sinn Flora a Fauna, virun allem a photographescher Hisiicht, nëmmen bedéngt interessant am Héichsummer.
Net méi spéit wéi Virgëscht, war ech mat menger bal 6 järeger Duechter mol nees eng Kéier um Prënzebierg an hunn och direkt profitéiert vir e puer Fotoen ze maachen.
Ech hoffen virun allem iwwert den Hierscht elo nach e puer mol d’Geleeënheet ze kréien fir erop ze goen: seelen sinn d’Faarwen méi schéin wéi am Hierscht.




Comments