Wéi een Medium fir d'Fotografie?
- ronderemdenprenzeb
- Nov 18, 2021
- 1 min read
Ech sinn lo schonn e puer mol drop u geschwat ginn: ou!? Du knips och Film? Du knips och Polaroid? An awer och nach ëmmer digital?Jo! Alles! Ech denken et ginn 2 Approchen an der Saach.

Déi éischt ass, an dat gesäit en haut virun allem ëmmer méi an den sozialen Medien, virun allem Instagram: et gëtt een bestëmmten Medium eraus gesicht em dat sech alles dréit. Als Beispill Polaroid. Dann géing meng Säit vläicht "Polaroid um Prënzebierg“ heeschen. Oder Film. Dann wär et vläicht: „Analog um Prënzebierg“.
Déi zweet Méiglechkeet ass: d’Medium ass Mëttel zum Zweck. Eigentlech ass d’Medium egal: ob digital oder analog, SD Kaart oder Film. Als Museker hunn ech bei mengen sellechen Instrumenter schonns ëmmer dat eraus gesicht wat mer fir den respektiven „Job“ am beschten geschéngt huet. Bei der Fotografie ass et net anescht. Et gëtt dat Geschier geholl vun dem ech un huelen, dat et fir déi jeeweileg Foto gutt, jo hoffentlech am beschten funktionéiert. Dat klappt natierlech net ëmmer, an och ech loossen mech heiansdo vum Geschier verféieren.
Dat heescht awer net, dat et sech dobäi em déi eenzeg richteg Approche handelt.
Jidderengem Säint an esou wéi et em geneem ass.
Ech hoffen ech konnt awer e bëssi Kloerheet an den „Dossier“ era bréngen an vläicht gesäit een sech jo emol hei an eisem schéinen Eck.
Comments